De 16.4. haten d’Schüler aus dem LN d’Méiglechkeet fir eng Konferenz vun eisem fréiere Vizepremierminister, Ausseminister a Minister fir Immigratioun ze lauschteren. Dëst gouf am Kader vum hollännesche Schoulaustausch mat der 4CLC2 an der 2GSO organiséiert, bei deem d’Migratioun an d’Zesummeliewen an Europa am Vierdergrond stoungen. D’Schüler hu net gezéckt fir e puer interessant Froen ronderem de Fonctionnement vun der EU, dem Schengeraum an eise Responsabilitéiten als Bierger ze stellen – dëst souguer op Englesch!
Mir soen dem Här Asselborn villmools Merci fir seng Zäit a säin Engagement, jonke Leit Politik méi no ze bréngen.