Keng Sonn, ma och (bal) kee Reen fir eis zwou Klassen (7C3 an 7G3) den 15.10.24 zu Lëltz.
No engem kuerzen Tëschestopp op der Staumauer um Wee fir dohinner stoungen en Tour mam Kanadier (eng Zort Kanu) an en Orientatiounslaf duerch de Bësch um Programm. Dotëscht engt gutt Mëttegiessen an der Jugendherberg.
Fir Heem du gutt Stëmmung am Bus bei Musék a Gesang. E flotten Dag also am Kader vum traditionellen “Klasse fanne sech”!