D’Schüler vun der DP2ED waren am Kader vun hirer Ausbildung zum Agent socio-pédagogique den 4. Juli 2024 op Visite zu Wooltz am Kannermusée PLOMM. Hei kruten si Informatiounen doriwwer wéi de Kannermusée entstanen ass, wou d’Kanner konnten aktiv de Musée matgestalten, an si kruten en Abléck wat d’Kanner op dëser flotter Platz erwaart.
Der ganzer Ekipp vum Kannermusée e grousse Merci dass si eise Schüler dës Visite erméiglecht hunn.