Léif Anciens an Anciennes vum Lycée du Nord,
De 25. Februar 2023 ass et erëm esou wäit!
De Lycée du Nord organiséiert säin traditionellen Informatiounsmoien zur Studien- a Beruffswelt fir Schüler a Schülerinnen vun der 2ième a 1ère (ESC/ESG/FP).
Villäicht wäert Dir bereet, eis mat ärem Wëssen an ären Erfarungen eng Hand unzepaken?
Mir siche „aal“ LNer, deenen eis Schüler a Schülerinnen am perséinleche Gespréich Froen zu hirem Studium oder hirem Beruff stelle kënnen.
Zéckt net, iech bis den 31. Januar iwwert orientation@lnw.lu bäi eis ze mellen.