Skip to main content
Retour
12/11/2025

Generéise Geste vun Unerkennung - 12.11.2025

E Mëttwoch, den 12. November huet de Lions Club Grand-Duché Ardennes dem Tina Gira e formidabele Scheck iwwerreecht als Unerkennung fir dem Tina seng besonnesch Leeschtung am Premièresexamen. D’Tina war 24/25 landeswäit déi beschte Schülerin an hat eng Moyenne am Premièresexame vu 60 Punkten!

De Lions Club huet dësen aussergewéinlechen Exploit bei enger klenger Feier am LN mat engem Don vun 2.000 € honoréiert. Mir felicitéieren nach eng Kéier dem Tina a soën dem Lions Club ee ganz grousse Merci fir dëse bemierkenswäerte Kado.