De 25. Oktober war 2CD/G mat der Madamm Schweig op Leideleng de Siège vun der Raiffeisen besichen. Sie kruten de Bankesektor zu Lëtzebuerg wéi och d’Rolle vun de Banken erkläert. Obwuel sie verschidde Froe scho gutt beäntwerte konnten, goufe sie och nei Saache gewuer. Des Weidere krute sie e puer Tipps wéi a wéi vill sie spuere sollte fir sech besser op hir Zukunft virbereeden ze kënnen. Zum Schluss goufe sie nach gewuer, dass et ganz vill verschidden Jobs ginn déi op enger Bank gesicht ginn. Vu Comptabel an Analyste bis hin zu Juristen an Architekte wéi och Informatiker a Projekt Managers. Elo si sie prett fir no der Vakanz hiert neit Wëssen am Cours kënnen unzewenden.
Retour
28/10/2024