Dëst Joer huet den Europadag zu Wooltz stattfonnt. Och den LN war mat engem Stand vertrueden. Mat Quiz, Spiller a villen flotten Gespréicher konnten eis Schüler Europa op eng interaktiv Aart a Weis méi no bréngen. Als kleng Belounung nom Quiz gouf et Kichelcher an der Form vun de 6 Grënnungslänner vun der EU.
Och de Radio LNW war dobäi an huet bal all d’Stänn an déi vertruede Länner interviewt. Sidd gespaannt, ob d’Interviewen an lauschtert den Radio LNW.
Villmools Merci un all déi, déi bei eisem Stand laanscht komm sinn, an natierlech och un eis engagéiert Schüler fir hiren Asatz!
@epluxembourg