De leschte Schouldag virun der Chrëschtvakanz hunn d’2GCG an 3GSO genotzt fir mat der Madamm Küpper a Madamm Reuter an d’Stad op de Kierchbierg d’Europaparlament entdecken ze goen. An Zäite vu geopoliteschen Erausfuerderungen fir d’EU ass et wichteg, jonk Bierger fir Europa ze begeeschteren. Mat enger Präsentatioun an interaktiven Ateliere konnten sech eis EPAS Junior Ambassadors och gläichzäiteg op den Euroscola zu Stroossbuerg am Mäerz 2025 virbereeden.
Retour
17/12/2024