Skip to main content
Retour
22/06/2024

Entdeckungsrees op Stuttgart - B1BO an B2BO – 20-22.06.2024

Entdeckungsrees op Stuttgart - B1BO an B2BO – 20-22.06.2024

D´Schüler vun der B1BO an der B2BO waren am Kader vun hirer Ausbildung 3 Deeg op Entdeckungsrees bei Stuttgart. Di éischt Visite war bei SCM Group zu Nürtingen, engem vun de gréissten Hiersteller vu stationäre Schräinermaschinnen weltwäit. Bei hinne kruten d‘Schüler am Ausstellungsraum di ënnerschiddlech Maschinnen erkläert a virgefouert.
Den 2. Dag ass et weider gaang mat enger Visite bei Festool. Eng Firma déi sech op handgefouert Maschinne spezialiséiert huet, déi haut aus dem Schräinerhandwierk net méi wechzedenke sinn. Hei konnten sech d Schüler am Musée d`Entstehungsgeschicht vun der Firma ukucken a kruten erkläert wei Reparature bei hinnen ofgewéckelt ginn.
Mëttes ware mer dunn nach an de Mercedes-Benz Musée. Hei kann een d‘Entwécklungsgeschicht vum Auto a vum Motorsport erliewen,. Ee beandrockenden Musée mat villen Autoen, a Geschichten ronderëm den Auto.
De leschten Dag gouf Moies nach gutt Kaffi gedronk ier mir eis zréck ob de Wee heem gemaach hunn.