Beim diesjährigen Schachtournoi am LN de 25 Februar hunn 43 Schüler de Wee an den LN fonnt. Leider konnte wëlls Prüfungen awer just 2 vun eise Schüler deelhuelen, de Sven Closter an den Thierry Thillen. A 7 spannende Ronne goufen di bescht Spiller an etleche Kategorien ermëttelt, déi no Alter, an och der Tatsaach ob ee lizenzéiert ass oder net, festgeluecht sinn.
Um Enn konnt sech an den Equipe d’Ecole Internationale vun Déifferdeng (EIDE) virum Lycée Classique Diekirch (LCD) an der 2. Equipe vun der EIDE duerchsetzen. Am individuellem Generalklassement konnt sech de Mihai Salomeia aus dem NOSL virum Eymen an Hamza Esmer aus dem LJBM duerchsetzen.
An der Kategorie non-licenciés ënnert 15 Joer konnt den Thierry Thillen eng 3 Plaz kréien an domadder och eng Medaile. Am Classement general kennt hien ob di 30. Platz an de Sven Closter ob di 32. Plaz vun 43 Spiller, jeeweils mat 3 gewonnenen Partien.
Ee grousse Merci geet un eist Departement vun de Schräinerklassen, wou d’Schüler ënnert der Leedung vum Gilles Beaume och dëst Joer rëm di flott holze Medailen a Coupen hiergestallt hunn.