Den 11. Abrëll 2026 sinn d’Klassen 4CLC2 an 2GSO an Holland gefuer fir un engem Schoulaustausch mam Jan Tinbergen College deelzehuelen ! Samschdes hunn d’Klassen, begleet vun der Madamm Reuter, Küpper a Roeder, souwéi dem Här List, den Zentrum an den Hafe vu Rotterdam gesinn. Sonndes stoungen d’Mauritshuis bzw. den Escher-Musée an de Friddenspalast zu Den Haag um Plang, éier de sonnege Nomëtten op der Plage zu Scheveningen ausklénge gelooss gouf. Eise Buschauffer Jérôme huet eis owes ëmmer rem zréck an den Hostel zu Dordrecht bruet.
Méindes stoung dunn den Austausch un ! Em 8:30 si mir ënnert Applaus zu Roosendaal vu 50 Schüler begréisst ginn. De ganzen Dag waren d’Schüler opgedeelt a Gruppen an dee verschiddenste Workshoppe ronderëm Migratioun an Europa ënnerwee. No dësem Dag goufen och eng Rei Schüler vun eis an den hollännesche Famillen accueilléiert ! Dënschdes ware mir mat den Hollänner am modernen Hafequartier vu Rotterdam ënnerwee, souwéi am FENIX Musée iwwert Migratioun. Dunn ass et mam Bus erëm heemgaange fir den Echange am LN ze preparéieren.
Mëttwochs sinn déi hollännesch Schüler dunn op Lëtzebuerg komm, hunn sech d’Stad ugekuckt an um Camping zu Wolz an den Ardennenchaleten iwwernuecht. Donneschdes moies gouffe si vun eise Schüler an dem Här Kaufmann am klengen Examenssall empfaang, an hunn duerno een Atelier mam Migratiouns-Spill « Destination Europe » an eng Konferenz mam Jean Asselborn besicht. No enger Stäerkung an der Kantin konnten d’Schüler mëttes kreativ ginn andeems si probéiert hunn, hier Kultur an Natiounen op Brieder kënschtleresch festzehalen an eng Skulptur domadder ze bauen. Den Här Beaume huet eis mat d’Brieder versuergt, an d’Madamm Thix an d’Madamm Steffen hunn d’Schüler am Atelier begleet. Duerno war et un eisen LN’er fir d’Hollänner an de Famillen ze empfänken.
Ofgeschloss gouf den Austausch Freides moies mat engem risege Buffet, deen d’Madamm Gerard zesumme mat hire Schüler organiséiert huet. Hei konnte nach Bréiwer verfaasst, a lescht flott a gemeinsam Momenter verbruet ginn. Dëst war eng ganz intensiv Woch, déi awer sécherlech mat ganz ville positiven Erënnerungen bei de Schüler a Schülerinne wäert verbonne bleiwen !
Mir soe jidderengem Merci, deen zu der Réussite vun dësem flotte Projet bäigedroen huet ! Besonnesch soe mir och der Œuvre Grande-Duchesse Charlotte Merci, déi dësen Austausch matfinanzéiert, an eis Schüler domadder vill ënnerstëtzt hunn !
@oeuvrenationale