Skip to main content
Retour
06/09/2024

D’North Sailors aus dem LN op der Regatta 2024 - 02-06.09.2024

D’North Sailors aus dem LN op der Regatta 2024 - 02-06.09.2024

Vum 02.09 bis zum 06.09 wor et erëm souwäit, 22 Booter an 141 Participants wouvunner 77 Schüler/Studenten hunn un der 9ter Editioun vun der Regatta.lu deelgeholl. Eng Regatta mat Seegelbooter an der Bretagne, organiséiert vum Lëtzebuerger Segelclub GLCR an dem SNJ.

D’Bretagne ass bekannt fir hier perfekt Trainingskonditiounen am Seegelsport. Dofier versammelen sech zu Lorient am Moment déi schnellste Seegelbooter vum Typ IMOCA 60. All 4 Joer ass nämlech net wäit ewech de Start vun der Vendée Globe, esou och dëst Joer (Départ 10 November 2024 um 13h02), ee Solo Rennen non-stop ronderëm d’Welt.

Op dëser Regatta stoung eng ofwiesslungsräich Woch um Programm, si mer deen een Daach bei wéineg Wand vill Sonn a staarker Stréimung souguer deelweis hannertsech gefuer (méi Stréimung wei Wand), sou hu mer den Daach drop alles misste gi bei Reen, 1-2m Wellen a Wand vun 20 kn mat Rafales vun 28 kn.

No 8 Qualifikatiounsmanchen si mer op der sensationeller 3ter Platz am Groupe 1 gelant. An de 4 Coursen dono hu mer eis bescht ginn an zum Schluss mat enger 8ter Plaatz ofgeschloss.

Dëst Joer stoung och erëm eng Iwwernuechtung op der schéiner Insel Belle Île um Programm, an ee kuerze Stopp virun der Île de Houat.

Wei der op der Foto gesitt ass dësen Event fir den LN schon baal zu enger Traditioun ginn. Kuerz virun der Heemrees wor et nach méiglech eng Foto mat den aktuellen an anciens Schüler aus dem LN ze machen, déi sech Joer fir Joer op dësem Event erëmbegéinen.

Bass och du Interesséiert bei der 10ter Edition derbäi ze sinn? Regatta.lu 2025 ass vum 01.09-05.09 wei gewinnt zu Quiberon an der Bretagne.

Weider Infoen: christian.lutgen@education.lu