Skip to main content
Retour
14/10/2022

Dinner in the dark - 14.10.2022

Ee Freiden, de 14. Oktober 2022 waren d’Amicale vum LN, de Projet d’établissement an Zesummenaarbecht mat der AMVA (Association pour Mal-Voyants et Aveugles) ganz houfreg, fir op hiren éischten Dinner in the dark an der Cafeteria vum Lycée ze invitéieren.

No engem gemittlechen Aperitif an enger Usprooch vun der Madamm Pascale Link, d‘Presidentin vun der AMVA, déi als blann Schülerin de Lycée du Nord besicht a mat der 1re ofgeschloss huet, sinn d’Gäscht an den absolut däischtere Raum gefouert ginn, wou si een draigängege Menü, gekacht vun de Schüler vun der DC2AV vum LN , konnte genéissen. Dobäi huet sech erausgestallt, dat Iesse mat Läffel a Forschett am Däischteren net ëmmer sou einfach ass. Beim Kaffi a Käerzeschäi konnten d’Gäscht am Uschloss dann och gesinn, mat wiem si den Dësch gedeelt hunn. Domadder ass dee ganz convivialen Owend op een Enn gaangen, dee vill Freed bereet huet, gläichzäiteg awer och d’Missioun hat, fir d’Leit fir de Problem vum Blann-sinn ze sensibiliséieren.

Ee flotte Film vum Owend fannt dir deemnächst hei op dëser Plaz!