D’Schüler vun der 3GCM hunn e flotte Freideg a Samschden zesumme mat der Madamm Majerus an der Madamm Küpper um Camping Kaul verbruecht. Dëst war de Startschoss vun engem spannende Projet, deen d‘Schüler nächst Joer op der 2GCG op d’Been stelle wäerten.
Gestart gouf mat enger Teambuilding-Sessioun am Crossfit Wildfox zu Wooltz, wou Kommunikatioun a Zesummenaarbecht am Mëttelpunkt stoungen. Duerno hunn d’Schüler a verschiddene Workshops un hiren Iddien geschafft a konkret Pläng entwéckelt.
Fir d’Stäerkung tëschenduerch war e gemittlechen BBQ natierlech och dobäi. Owes gouf zesumme Volleyball gespillt – e perfekte Mix aus produktiver Aarbecht a gemeinsamen Spaass!