Theorie trëfft Praxis – Besuch vun der Croix-Rouge an der DP2ED
E Mëttwoch, den 1. Juli 2026, hat d’Klass DP2ED d’Freed, déi zwou Mataarbechterinne vun der Croix-Rouge, Katia Mongelli a Caroline Ries, am Unterrecht ze begréissen. Am Mëttelpunkt vum Besuch stoungen d’Theemen Transitionen a Mikrotransitionen, déi virdrun am Unterrecht schonn theoretesch behandelt gi waren.
Unhand vu ville Beispiller aus hirem Beruffsalldag hu si gewisen, wéi Iwwergäng am Alldag vu Kanner bewosst gestalt a professionell begleet kënne ginn. Dobäi kruten d’Schülerinnen a Schüler spannend Ablécker a konkret Handlungsméiglechkeeten, Erausfuerderungen a bewäert Methode aus der Praxis.
De Besuch huet gewisen, wéi wäertvoll den Austausch mat Fachleit ass. Praxisberichter hëllefen dobäi, theoretesch Inhalter méi konkret ze maachen an eng Bréck tëscht dem Unterrecht an dem Beruffsalldag ze schloen. Gläichzäiteg haten d’Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet, hir Froen direkt un erfuere Praktikerinnen ze stellen a wäertvoll Impulser fir hir eege berufflech Zukunft matzehuelen.
E grousse Merci geet un Katia Mongelli a Caroline Ries fir hiren Engagement an déi interessant Ablécker an hir deeglech Aarbecht.