Vum 19. Juni op den 22. Juni waren d’4CLC2 an d’3BCG op Barcelona. Zesummen mat hiren Enseignants Julie Lentz, Lena Enders, Vanessa Francisco Luís an Tim Grüneisen hunn d’Schüler dem Gaudí seng besonnesch Architektur entdeckt, déi impressionant Sagrada Família mat oppene Mënner bewonnert an eng onvergiesslech Vue vun uewen am Parc del Turó genoss. Tëscht kulturellen Highlights a ville gemeinsame Momenter hunn d’Schüler an d’Enseignants vill erlieft a vill gelaacht a sinn als Grupp nach méi zesumme gewuess.
Retour
22/06/2025