Skip to main content
Retour
13/04/2026

Ausfluch op Köln - 5G1 an 6CLC1 - 13.04.2026

Ausfluch op Köln - 5G1 an 6CLC1 - 13.04.2026

Den 13.4. sinn d’5G1 an d’6CLC1 fréi moies (vill ze fréi, laut de Schüler) op Köln gefuer. No enger impressionanter Visitt vum Kölner Dom – ass et weidergaangen op eng richteg Zäitrees duerch d’20er Joren.

Duerno stoung eng Shoppingtour um Programm, wou verschiddener hir mathematesch Fäegkeete getest hunn („Ass dat nach am Budget?“).

Zum kréinenden Ofschloss goung et an d’Schokoladenmuseum, wou net nëmme gekuckt, mee och geschmaacht gouf – an dat mat vill Begeeschterung.

Fazit: vill geléiert, vill gelaacht… a vill Schockela giess!