Phantasialand – Héich Temperaturen, cool Klassen
Bei summerlechen 41 Grad hunn d’Klassen 2GSO, DP1ED an CC1SF e Freideg, de 26. Juni 2026, e flotten Dag am Phantasialand zu Brühl verbruecht. Mat Ventilatoren, Waassersprayeren, genuch Gedrénks an enger gudder Portioun Humor gouf och déi grouss Hëtzt mat Bravour gemeeschtert.
Egal ob Achterbunn-Newcomer oder Adrenalin-Fan – zesummen huet ee sech un déi verschidden Attraktioune getraut. Tëscht rasanten Achterbunnen, sprëtzegen Waasserattraktiounen a ville Laacher war déi gutt Stëmmung de ganzen Dag iwwer ze spieren.
En Ausfluch voller Spaass, Zesummenhalt a flotte Momenter – 41 Grad maachen zesumme einfach méi Spaass!