Skip to main content
Retour
24/06/2022

André Bauler @ LN - 24.06.2022

Dëse Freideg war de Chamberdeputéierten André Bauler am Lycée du Nord, fir an enger Table ronde iwwer zwee wichteg Sujeten aus der Aktualitéit ze schwätzen : den Ukrainkrich an den Ausgang aus der Coronakris. Befrot vun enger Delegatioun vun eisen “Junior Ambassadors” vum “European Parliament Ambassador School Program”, huet den Här Bauler de Schüler seng Point de Vuen kënnen erklären iwwer d’Zesummenhäng a méiglech Konsequenzen vun den aktuellen Problemer.
Zum Schluss war et den Appel un déi jonk Generatioun, déi wéi kaum eng aner virdrun scho Krisen huet missen materliewen, politesch aktiv ze ginn.