Skip to main content
Retour
27/06/2026

3GCM Projet @ Camping Kaul – Vum 26. bis den 27.06.2026

Vum 26. op de 27. Juni huet d’3GCM zesumme mat der Madamm Di Venere an dem Här Karier zwee Deeg um Camping Kaul verbruecht, fir un der Entwécklung vun hirem Projet fir d’nächst Schouljoer ze schaffen.

Wärend dem Dag hunn d’Schüler um Camping Kaul vill interessant Iddien fir hiren eegene Projet am nächste Schouljoer gesammelt.

Owes stoungen och flott Teambuilding-Aktivitéiten um Programm. Um Camping Kaul hu si zesumme verschidde Spiller gespillt, an zu Wolz hu si un engem Orientéierungslaf deelgeholl. Dës Aktivitéiten hunn de Teamgeescht, d’Kommunikatioun an d’Zesummenaarbecht gestäerkt.

E gelongenen Ausfluch, dee Léieren, Kreativitéit a Teamwork perfekt kombinéiert huet!