Skip to main content
Retour
13/05/2026

3CG @ Mëllerdall – 13.05.2026

3CG @ Mëllerdall – 13.05.2026

No der éischter Visitt am Schifermusée zu Uewermaartel ass et fir déi zweet geographesch Exkursioun mat de Schüler vun der 3CG an d’Guttland an de Mëllerdall gaangen. Spektakulär Fielsformatiounen, vill kleng Trapen, déi donkel Räiberhiel an den Däiwelsplateau hunn eis zu Berdorf um B2-Trail erwaart! D’geologesch Geschicht vu Lëtzebuerg, souwéi déi geographesch Facteuren, déi 2018 hei fir grave Iwwerschwemmunge gesuergt hunn, sollte vun de Schüler um Terrain beschriwwen a mat klengen Experimenter analyséiert ginn.