D’3BC war vum 14. bis de 17. Mee op Besuch zu London. Et war eng spannend an ofwiesslungsräich Rees duerch déi englesch Haaptstad, bei där d’Diane Weber, d’Diane Reiten an den Ha Nguyen der Klass déi englesch Kultur, Geschicht an Traditiounen méi no bruecht hunn.
Mat vill gudder Laun, enger gudder Portioun Abenteuergeescht an enger Onmass Kilometer an de Féiss huet d’Klass ënner anerem impressionant Graffitikonscht, de Buckingham Palace, d’Tower Bridge, Camden Town an den Natural History Museum entdeckt. Och kulinaresch gouf et vill ze erliewen: vun internationale Spezialitéite bis zu klengen englesche Leckereien war fir jiddereen eppes dobäi.
No véier Deeg voller Entdeckungen, Spaass a ville gemeinsame Momenter war sech d’Klass eens: Si wieren am léifsten nach e bëssen do bliwwen!