Skip to main content
Retour
14/05/2026

3 GPS zu Amsterdam – Vum 12. bis den 14.05.2026

3 GPS zu Amsterdam – Vum 12. bis den 14.05.2026

Vum 12. bis den 14. Mee wore mer mam Här Weber an dem Här Peiffer op Amsterdam. No enger flotter Minibusrees, wou d’Bouwen mega Party gemach hun, sinn mer nom Anchecken am Hotel bis ob Zandfoort ob d’Mier gefuer! Dono gung et op Amsterdam an den Zentrum, wou mer konnten fräi rondremgoen an eppes iessen. Pünktlech gung et dunn um 21h30 zréck an den Hotel. Do hun mer dun zesummen bis Metternuecht gewaard, fir dem Sara säi Geburtsdaag ze feieren, bis an d’Nuecht ran! Mer woren awer mega pünktlech moies um 8 Auer um Kaffi!

Du sinn mer als éischt den Micropia kucken gaangen. Dest ass ee flotten Musée, wou ganz anschaulisch mat mega coolen Modeller an och liewegen Kulturen d’Welt vun den Algen, de Bakterien, de Viren an de Pilzen de Leit mi no bruecht gëtt! D’Bärtierchen hun den Här Weber besonnech impressionnéiert, an och di cool Modeller vun de Viren!

Mettes gouf et dunn ee Burger, an du gung et an den Van Gogh Musée. Deen ass riese grouss, a weist desem bekannte Kënschtler säi Liewenswerk an och seng Entwécklung an Inspiratiounen vun anere Kënschtler, souwuel déi di vun him inspiréiert goufen, mee och déi di hien a séngem Wierk geprägt hun.

Owes gunge mer zesummen bei den Italiener iessen, an nodeems den Luca an den Aka nach een Tour geschaukelt hun, wor och dëse flotten Daag eriwwer.

Ier mer dunn Donneschtes heem gefuer sinn, si mer nach d’Anne Frank Haus kucke gaangen. Dest wor een ergräifenden Moment, besonnech ze wëssen dass d’Famill nach just 3 Méint hätt missten packen fir ze iiwwerliewen. De Papp hot als eenzegen iwwerliewt an wollt dass an hirem Versteck keng Miwwelen mi stoe bleiwen. Et gesäit een awer op Photoen wéi et deemols wor, a wéi sie hun missen do op engstem Raum liewen.

Mer soen dem Joe an dem Arny een décke Merci fir di flott Rees!