D’1CC war den 8.1.2026 zu Esch-Belval am Scienteens Lab, wou mir en Dag laang am Labo geschafft hunn. Ganz professionell equipéiert mat Kittel, Händschen a Schutzbrëll hu mir DNA aus Bakterien extrahéiert, verschidde Léisunge pipettéiert, d’DNA mat Hëllef vun der PCR vervillfältegt an duerno mat der Gelelektrophorese getrennt a visualiséiert.
No dem Workshop hu mir nach en interessanten Abléck an de Fuerscheralldag kritt, mat ville spannenden Anekdoten aus der Praxis. Workshops am Scienteens Lab kënne mir nëmme weiderempfeelen.